Deng Hëllef, fir de Logik Test vum Staatsexamen ze packen!
Basisfiguren
Finalfiguren
F6
F11
F10
F9
F11
F6
F9
F3
Wat ass Staatsexamen.lu?
Staatsexamen.lu ass eng Hëllef fir sech op den Test de raisonnement abstrait (Logik Test) vum Staatsexamen zu Lëtzebuerg, deen 50% vun der Note ausmëscht, virzebereeden. Logëscht Denken kann een trainéiren! Staatsexamen.lu bidd d'Méiglechkeet, Tester ze üben, esou wéi se am lëtzebuergeschen Staatsexamen och virkommen.Staatsexamen.lu ass keen offiziellen Site vum lëtzebuergeschen Ministère de la Fonction publique / GovJobs!
Firwat Staatsexamen.lu benotzen?
- Tester genau wéi am Examen! Och d'Beispilltester um Site vum lëtzebuergeschen Ministère / GovJobs entspriechen net dem Format an der Komplexitéit vun den Froen am Examen! Staatsexamen.lu proposéiert Tester genau an der Form an mat den Detailer, wéi se och am Staatsexamen virkommen! Mat dëssen Tester verléiert een dono am Examen och keng Zäit, fir sech un déi nei Strukturen ze gewinnen, déi et just an der Versioun vum Staatsexamen zu Lëtzebuerg gëtt.
- Den Test de raisonnement abstrait vum lëtzebuergeschen Staatsexamen mëscht 50% vun der finaler Note aus. Eng ënnerduerchschnëttlech Note am Test de raisonnement abstrait gëtt engem net vill Spillraum sech an den aaneren Tester Fehler ze erlaaben. Ëmgedréint gëllt dann och dat een iwwerduerchschnëttlecht Resultat am Logik Deel engem méi Spillraum fir Fehler bei den aaneren Beräicher erlaabt.
- Keng deier an veraalte Bicher kaafen mussen, déi verschidden Instruktiounen vum Examen net oofdecken oder an Détailer ginn déi am Staatsexamen zu Lëtzebuerg net gebraucht ginn (an vereenzelt Kanditaten duercherneen brengen). D'Versioun vum Test, déi am Staatsexamen benotzt gëtt, gëtt et esou soss néirens!
- No all Test kritt dir zu all Fro eng Erklärung zu den Änferten. Dëst erlaabt engem dann och rauszefannen, wou engem säin Denkfehler lung.
- D'Note am Staatsexamen zu Lëtzebuerg ass relative zu den Resultater vun den aaneren Leit, déi den Test zu dem Zäitpunkt gemach hunn. Dat heescht, och wann een gutt oofschneid, mee aaner Leit do sinn déi een méi logiklastegt Studium haaten an doduerch een iwwerduerchschnëttlecht Resultat erzielt hunn, kann engem seng Note ënnerduerchschnëttlech ausfalen. Den Test esou ze üben wéi en am Staatsexamen virkënnt ass een net gerengen Virdeel!
- Et ass net onnéideg sech virzebereeden! Och wann een fir den lëtzebuergeschen Staatsexamen an der Théorie net méi léiren muss, falen an all Periode nach ëmmer vill Leit duerch! Staatsexamen.lu ass eng Hëllef, fir dat et net dozou kënnt.
Wéi funktionnéieren dës Tester?
Den Test de raisonnement abstrait vum lëtzebuergeschen Staatsexamen miest enger Persoun seng Kapazitéit, Regelen aus abstrakten Donnéeën ze schléissen an se op nei Donnéeën unzewenden. Dëst gëtt Opschloss iwwert d'Fäegkeet vun enger Persoun, flexibel mat neien Informatiounen ze schaffen an Léisungen ze fannen.All Exercice besteet aus zwee Typen vun Figuren, déi "Basfiguren" an "Finalfiguren" genannt ginn. Tëscht deene zwee Typen ass een oder méi Symboler, déi all eng Instruktioun representéieren. Am Staatsexamen ginn et 7 Instruktiounen :
Instruktioun
Basisfiguren
Finalfiguren
Farwwiesel vu Figuren
Formwiesel vu Figuren
Gréistewiesel vu Figuren
Horizontal Linn bäifügen oder weghuelen
Vertikal Linn bäifügen oder weghuelen
Rotatioun vu Figuren
Permutation vun 2 Figuren
D'Ziel ass et rauszefannen, wéieng Schalter wat fir eng Insutrktiounen représentéiren, fir dëst dann op eng Fro'e Figur unzewenden.
Basisfiguren
Finalfiguren
F7
F7
F3
Am Beispill hei driwer gesäit een, dat d'Instruktioun F7 aus engem klengen wäissen Kreess een groussen wäissen Kreess mëscht. Des Weideren gesäit een, daat mat den Instruktiounen F7 an F3 aus engem klengen wäissen Quadrat een groussen schwarzen Quadrat gëtt. Well mir jo schon wëssen dat d'Gréisst duerch d'Instruktioun F7 provozéiert gëtt, kann een dorausser schléissen dat d'Instruktioun F3 engem Farwwiessel entsprëscht! Als Hëllef ginn d'Instruktiounen um Schluss vum Test och erklärt.
Wéi eng Optiounen ginn et?
Staatsexamen.lu proposéiert ierch 2 Versiounen fir ze üben :Gratis
Een gratis Test, deen ierch erlaabt ze gesinn, wat vun der Komplexitéit gefroot gëtt!
- Een gratis Test vun 12 Froen.
- Opsteigend Komplexitéit vun den Froen (Unzuel un Basisfiguren + Instruktiounen)
- Struktur an Opstellung vun den Froen wéi am lëtzebuergeschen Staatsexamen
- 32 Froen pro Test, all Kéiers nei généréiert!
- Timer vun 15 oder 20 Minuten pro Test, wéi am lëtzebuergeschen Staatsexamen
- Zousätzlech Erklärungen zum Virgoen fir d'Tester ze léisen
- Zousätzlech Erklärungen zu den Ënnerscheeder am Ooflaafen an an der Struktur vun den Tester!